Sie sind hier
Budget 2017 - Infrastrukturen

Gudde Moien, erlaabt mer Iech e puer Zuele matzedeelen, déi d'Majoritéit vun DP an déi Gréng an d’Infrastrukturen 2017 investéieren.
4/130/221313/15002 250.000,- €
Installatioun vun engem Sonneschutz um Gebai vun der Maison Relais. Erneiere vum Zënnbelag um Dach vum Centre Martialis.
4/259/221200/99001 50.000,- €
Am Budget 2017 ass virgesi fir d'Spillplaze konforme ze maachen a mat neie Spiller ze komplettéieren.
4/411/221100/09006 750.000,- €
Aarbechten am Kader vun den Héichwaassermossnamen. Ausféiere vun de Moossnamen 2 an 3 (Verbreedung vun der Aalbach oder Gander tëschent der Entrée am Parc an der Bréck bei der Apdikt, eng aner Verbreedung tëschent der Apdikt an der Bréck fir op Mondorff/Moselle.
4/411/221311/15013 250.000,- €
Astandsetze vun der Mauer längs der Bach tëschent der Place Pigalle an der rue Dicks.
4/411/221311/16012 60.000,- €
Entretiensaarbechten un der Gander zu Munneref an zu Wiis.
4/425/211000/99001 25.000,- €
Ausschaffe vun engem energetesche Konzept fir d’Gemengegebaier.
4/425/211000/99002 82.500.- €
Ausschaffe vun engem Konzept fir d’ëffentlech Beliichtung.
4/425/222100/15004 75.000,- €
Investitiounen am Kader vum Klimapakt.
4/520/221311/09007 100.000,- €
Ofschlossaarbechten um Site vun der aler Kläranlag an Erneiere vum Kollekter am Parc.
4/520/222100/15005 100.000,- €
Adaptatiounsaarbechten un de Rückhaltebecken am Kanalreseau (am Brill an op der Place Bernard Weber).
4/624/221200/99001 200.000,- €
Wéi all Joers gëtt an d'Verstäerkung vun der Sécherheet am Stroosseverkéier investéiert. Sécherheetsmesuren an der Réimecherstrooss, Verstäerkung vun der Beliichtung fir d'Foussgängeriwwergäng.
4/624/221313/08003 450.000,- €
Infrastruktur- a Stroossenaarbechten an der Schléiwegaass.
4/624/221313/09004 200.000,- €
Ofschloss vun de lnfrastruktur- an Amenagementsaarbechten am Rousebierg.
4/624/221313/09005 2.250.000,- €
Infrastrukturaarbechten an Neigestaltung vun der Av. Frantz Clément, der Réimecher- an der Lëtzebuergerstrooss zu Munneref. Déi éischt Aarbechte ginn an der Allée St Christophe an op der Place Publique, oder Place Pigalle genannt, realiséiert. E Projet dee quasi integral vun der Gemeng Munneref financéiert gëtt.
4/624/221313/12003 1.000.000,- €
Infrastrukturen an Reamenagement am Zentrum vun Altwies. An der Fëlschtrëffer- an an der Victor Hugo Strooss sinn de Gas- an de Waasseruschloss un d'Haiser gemaacht ginn. An der rue Jean-Pierre Molitor gi Waasser, Kanal a Gas nei verluecht. Am Bréimwee, an der rue de l'Eglise an an der rue Emile Kohn sinn Aarbechte fir de Gas an de Kanal virgesinn.
4/624/221313/16007 500.000,- €
Infrastrukturaarbechten am Kader vum PAP rue de la Gare. Als 1. Etape ass de Parking virgesinn.
4/624/221313/17007 100.000,- €
Etuden fir d’Erneiere vun den Infrastrukturen an de Reamenagement an der av. Dr Kein.
4/624/221313/99001 200.000,- €
Infrastrukturaarbechten an der Gemeng: Fäerdegstelle vu verschidden Amenagementer wéi Trottoiren, dee leschte Belag an de Gemengestroossen zu Elleng, an der rue des Champs, rue Killen, rue du Lavoir an zu Wiiss an der Munnerefer- an an der Letzebuergerstrooss.
Total vun den Investitiounen an Infrastrukturen am Budget 2017: 6.642.500,- €. Vill Suen déi awer gutt, a virun allem an d'Liewensqualitéit vun eise Bierger investéiert ginn.
Ech wëll nach dem Schäfferot a senge Mataarbechter aus der Administratioun och dëst Joer Merci soe fir d'Realisatioun vum Budget 2017. D’Leit vun allen Servicer wëll ech net vergiessen an hinne Merci soe fir déi gutt Aarbecht déi si am Laf vum Joer maachen.
Ech wënschen Iech all an Äre Famille schéi Feierdeeg an eng gutt Gesondheet fir 2017.
Merci fir Ärt Nolauschteren.
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 377.76 KB |