Sie sind hier

Patrimoine architectural et culturel

Op déi finanziell Analyse vum Budget rectifié 2014 an dem Budget 2015 vun der Gemeng Munneref ginn ech net méi an. Ech beschränke mech op eis bestehend Gebaier, op kulturell Projeten an op Investissementer fir nei Gebaier, net ze vergiessen d’Erhale vun eisem "Patrimoine architectural a culturel".

Ech géing mat Altwiis ufänken, do muss eisen esou typesche Fiels op deem eis Kierch steet erneiert ginn. Et ass esou dass mat der Zäit hei Infiltratiounen an Erosioun eise Fiels schwéier a Matleedenschaft gezunn hunn. Dëse gëtt fir 229.000 € a Stand gesat an dobäi och stabiliséiert.

Wann déi Aarbechten da realiséiert sinn, ginn och d‘Alentoure vun der Kierch, de Parvis an de Wee dohinner stabiliséiert a renovéiert, dëst am Kader vum Ëmbau vun der aler Wiiser Schoul. Wann dann all des Aarbechten ofgeschloss sinn, wäert dann och d‘Fassad vun der Wiiser Kierch nei gemaach ginn. Am Kierchtuerm ginn awer dëst Joer scho verschidden Aarbechten um Holz gemaach, dat ass morsch, an do muss eppes gemaach gi soss kënnte mer mol béis iwwerrascht ginn. Déi historesch Fënsteren an der Kierch si jo schonn am leschte Joer restauréiert ginn an d‘Fënsterbänke sinn zesumme mat Site et Monument deenen neie Mossen ugepasst ginn.

Um "Däich" op der Haaptstrooss zu Altwiis, also op der "Wiisser Place Pigalle" si 60.000 € virgesinn fir d‘Wiisser Leit ze ënnerstëtzen, dass och si ënner bessere Konditiounen hiert Duerf kënnen nei beliewen. D’Buvette déi hei steet gëtt vergréissert, esou dass si méi Raum hei hunn fir hiert Material ënnerzestellen, an et esou och kënne méi oft a spontan ouni groussen Opwand benotzen a flott Aktivitéite fir hiert Duerf, a fir eis all an hirem Duerf, kennen ënnerhuelen, an esou fir dat dach esou wichtegt Zesummeliewen an eiser onperséinlecher Zäit bäidroen. Hei ginn dann och fix sanitär Anlage gebaut, esou dass des Toiletten net nëmme bei de Fester gebraucht ginn, mee och als "WC public" all Dag op sinn. Dëst ass net nëmmen eng Demande vun de Spadséiergänger an de Leit op de Fester, mee och eng Demande vum Ministere fir d‘Buschaufferen.

An eiser Sektioun Elleng ass de Veräinsschapp jo virleschte Mount ageweit ginn, esou wéi et virgesinn war. Fir den Duerfkär adequat kennen ze gestalten, hu mir jo de Mëtte schonn der Acquisitioun vun enger Scheier zougestëmmt. Domat hu mer elo d'Méiglechkeet e puer Parkplazen hei ze amenagéieren, an natierlech wäerte mer des Raim virleefeg als Stockage fir d‘ Gemeng gebrauchen.

Eng laang Geschicht geet 2015 op en Enn: de Parvis an den Zougang zur Ellenger Kierch gi fäerdeg gemaach, dëse Projet krut aus verschiddenen Ursaachen en klenge Retard, d‘Proprietéitsverhältnisser waren net ganz kloer an dësen Amenagement hat och scho verschidde Gesiichter: 155.000 € si virgesinn fir dës Aarbechten ze finaliséieren. Et steet just nach en RDV mat der Kierchefabrik aus, fir d`Amenagementer definitiv ofzeseenen.

Um Ellenger Kierfecht sinn 12.500 € virgesin fir déi Griewer ze reamenagéieren, fir déi d‘Concessiounen net verlängert gi sinn, natierlech sinn och hei klenger Aarbechte mat dran.

Zu Munneref ass d'"Restauratioun extérieure" vun eiser imposanter Barockkierch fäerdeggestallt, an op dës gelonge Restauratioun kënne mer houfreg sinn. Dëst fir en Budget initial vu 450 000 € wou mer awer nëmme fir d'Aarbechte bei ronn 300.000 € leien. Well dës Aarbechten ofgeschloss gi sinn, kënne mer elo endlech mam Parvis an dem alen Deel vum Kierfecht ufänken. D‘Planung ass fäerdeg an d‘Aarbechte kënnen 2015 ufänken. Et ass en Projet vun enger grousser Envergure, dofir gëtt jo och e puer Joer drun geschafft. Dëst Joer stinn dofir 500.000 € am Budget.

Um ale Kierfecht ginn déi al Kräizer ofmontéiert, d‘Encadrementer verschwannen an da gëtt all Kräiz op der selwechter Plaz, wou d‘Graf war, erëm opgebaut. Ronderëm déi Monumenter gëtt Wues ugeluecht, a mir wäerten hei eng Plaz schafen, wou mer deene Generatioune virun eis all eise Respekt kënnen ausdrécken. Mir plangen dann awer och d'Realisatioun vun enger Streewiss, an zwar do wann ee bei der neier Morgue hanne lenks erofgeet. Do ass en Areal wat sech gutt dofir eegent. Do ass nämlech eng schéin al Stengemauer. An dëser Mauer kann een d‘Nimm vun deenen, déi hei verstreet ginn, festhalen. Zur selwechter Zäit gëtt och en Accès op dësen "Jardin du Souvenir" laanscht Paschtoueschhaus ugeluecht.

Wann mer dann erof an d‘Duerf ginn, komme mer an de Millewee, bei den historesche Komplex vun der fréierer "Seigneurie de Roussy". Lénker Hand ass jo de Versammlungsraum vun der Amiperas. Dëse gëtt awer an Zukunft net méi vun hinne benotzt, si ginn an de "Roll Delles" fir Donneschdes hir Porte-ouverte ze halen. De Sall am Millewee gëtt reamenagéiert, dohinner kennt dann en esou genanntene Cent-Buttek, wou Leit mat klenge Budgete kënnen akafen. Wann een de Budget vun eisem "Office social" gesäit stellt ee fest, dass et och bei eis vill Leit ginn, déi net ëmmer op der roseger Säit vum Liewe stinn. Och hei wëllt d‘Gemeng, zesumme mam "Office social", hir Responsabilitéit iwwerhuelen. Fir dëse Projet si 50.000 € virgesinn fir eis Gebaier méi nohalteg ze benotzen. Uewe bleift en Versammlungs- a Clubraum iwwereg, deen awer och wäert genotzt ginn.

Mir bleiwen am Millewee, wou mer am Gaang sinn d‘Synagoge a Stand ze setzen, esou wéi mer dat och schonn am Budget 2014 an am Budget rectifié 2014 mat 100.000 € stoen hunn. Dëst Joer hunn mer nach 35.000 € dragesat. An do wäerte mer dann en Zäitzeien aus enger interessanter, a beweegter Geschicht vu Munneref nees zu neiem Liewen erwächen. Eis Gemeng ass do a Kontakt mat der "Memo Shoah". "Shoah" ass dat hebräescht Wuert fir Katastrophe, an dës national Associatioun huet sech als Missioun ginn, d‘Erënnerung an d‘Gedenken un déi jiddesch Naziaffer während dem 2. Weltkrich hei zu Lëtzebuerg oprecht ze erhalen. Wann d‘Synagoge fäerdeg ass, wäerte mer do kleng Ausstellungen, Konferenzen a Concerten zesumme mat hinnen organiséieren. Den hellege Schrain, deen an der Synagoge war, an deen am 2. Weltkrich konnt gerett ginn, wéi dëst Gebai ugestach gi war, steet jo elo an der Stad an der Synagoge. Mir kréie bei eis eng Kopie vun dëser sougenannter Bundeslade, am Moment ass e Schräiner schonn am Gaang, se nozebauen. D’jiddesch Communautéit gëtt eis dann och 2 Toraen, dat sinn déi jiddesch helleg Schrëften, fir an dëse Schräin ze leeën. An dësem Kader wäerte mer hei en Ensemble vun Aktivitéite mat der "Memo Shoah" an der Kulturkommissioun organiséieren ënner anerem eng grouss Ausstellung.

An do si virun allem d’Stolpersteng ervirzehiewen. Den däitsche Kënschtler Guenter Demnig huet elo scho 40.000 der Steng a verschiddene Stied an Europa an och zu Lëtzebuerg geluecht. Domat gëtt un d’Naziaffer erënnert, déi net aus dem KZ erëmkoumen. Stolpersteng si Cuben, vun engem Dezimeter Kanteläengt, si sinn op der ieweschter Säit mat Messeng iwwerzunn. Op dem Stee steet den Numm an eng kuerz Indikatioun iwwer d‘Affer, dat am Krich higeriicht gouf. Déi Steng ginn um Trottoir ageluecht virun deem Haus, wou d‘Affer fir d‘lescht gewunnt huet. D‘Passante sollen natierlech elo net do stolperen an eventuell och nach driwwerfaalen, mee si ginn opmierksam, si gesinn do ass eppes, si bécken sech fir ze liesen, a mat deem Geste verneigen se sech an enger gewësser Form virum Affer. Och hei zu Munneref hate mir jiddesch an awer och net jiddesch Naziaffer a fir déi sollen dann och der Steng 2015 geluecht ginn. 10.000 € stinn am Budget.

Aus dem Millewee gi mer da bei d‘Gebai vum "Cristal Mondorf" wou mer am gaange sinn d‘Fassade an den Daach nei ze maachen, esou wéi mer dat am Budget 2014 virgesinn haten. Fir d 'Annexe vum "Cristal Mondorf" och ze renovéieren, stinn 100.000 € am Budget.

Och um "Castel" ass virgesin, klenger Aarbechten um Mauerwierk an um Daach ze maachen. Och wann dësen am Ausland steet, consideréiere mir en dach och zum Deel als "eise Kaaschtel". An och do muss eis Gemeng hier Responsabilitéit huelen.

Vum Kaaschtel erof komme mer bei d’Douaneshaischen, och en Zäitzeien aus vergaangenen Deeg, wou et nach siichtbar Grenze gouf mat Douanier a Schlagbaum. Den Daach hei ass reparaturbedürfteg, d’Fassad muss opgefrëscht ginn an de Interieur muss och rafistoléiert ginn. Et ass schliisslech deen éischten Androck, deen d’Fransouse vu Munneref a vun eisem Land hunn wann se iwwer d’Grenz kommen. Déi Jonk vun haut kënnen sech net méi virstellen dass hei e Grenzposte war, an dofir ass et wichteg, esou Spuere vu verflossenen Zäiten ze erhalen. 30.000 € sinn do virgesinn.

D‘"Haus Schwachtgen" an der Munnereferstrooss ass jo verlount an och hei gi bei der "Croix rouge" geschwënn d‘Dieren op. No der Renovatioun vun dësem Gebai wäerten hei eeler Leit an engem Foyer de Jour Plaz fannen.

Komme mer elo zu eisem méi rezente Patrimoine vun der Gemeng. Eis Sportshal huet, esou wéi ech et lescht Joer schonn ernimmt hat, a wéi elo no genauen Analyse festgestallt ginn ass, Problemer mam Daach. Dëse muss elo komplett fir en Budget vun 375.000 € renovéiert ginn. Elo sinn hei d‘Etuden ofgeschloss, esou dass mer direkt kënne lass leeën.

Mir gesinn also dass DP/déi Gréng Majoritéit en gudde Batz Geld an eise Patrimoine investéiert, fir en esou fir déi nächst Generatiounen ze erhalen an ze valoriséieren.

Et gëtt awer och nach 2 gréisser nei Projeten:

D‘Sportinfrastrukturen um Fussballsterrain sinn ofgeschloss. Do ass elo en syntheteschen Terrain deen sech ka weise loossen. Do gëtt elo nach eng Trainingsplaz fir Goalkeeper ugeluegt an da sinn d’Infrastrukture geschafe fir gutt ze trainéieren a méiglechst oft ze gewannen.

Niewent dem Foussballsterrain, um Terrain vun de Boulisten ass e sougenanntene Boulodrome geplangt, dat heescht eng Hal wou och am Wanter a bei schlechtem Wieder ka Boule gespillt ginn. Et ass eng nei Buvette geplangt a Sanitäranlagen. Deen bestoende Gemengeschapp niewendrun gëtt geréckelt a vergréissert. All des Aarbechte wäerten e Batz Geld kaschten, am Budget si 500.000 € agedroen. Selbstverständlech mussen déi Projeten nach vum Gemengerot ofgeseent ginn. Ma mir si schliisslech eng Thermalstad a mir wëllen och um sportleche Plang eppes fir all eis Bierger an eis Visiteure maachen. Natierlech kann een och soen dass de Bouleclub an de leschte Joere vill Aktivitéiten hat a vill Membere bei krut. Dëse Projet wäert derzou bäidroen, dass si sech nach weider kënnen entwéckelen, schliisslech ass et och e Sport dee vu Kleng a Grouss, a wat ganz wichteg ass, bis an den héijen Alter ka praktizéiert ginn. Hei gëtt also eng breet Populatioun ugesprach.

Dann hunn mer nach en ganz groussen, wichtege Projet, dee mer am leschte Gemengerot hei virgestallt kruten an och scho gestemmt hunn. Mir wëllen de Site "Badbëschelchen", also den ale Camping endlech erëm nei beliewen. Dëse Projet wäert net an engem Joer fäerdeg gebaut sinn, 1.000.000 € stinn am 2015 er Budget a mir erwaarden, dass en 2016 wäert ofgeschloss ginn. Hei entsteet en Gebai fir d‘Scouten, wat awer net nëmme vun de Scoute wäert benotzt ginn, mee awer och, an dëst ass ganz wichteg, vun "classes vertes", also vu Schoulen oder och vu Clibb an Associatiounen. Mir mierken dass d’Scoute ganz aktiv sinn am Déngscht vun de Kanner an der Jugend an et ass wichteg, dass si gëeegent Infrastrukture matzen an der Natur kréien. Luewenswäert ass och hiren eegene Projet vun engem Chalet deen sinn niewent dem Gemengegebai wäerten opriichten, zum Deel an eegener Regie a virun allem mat eegene Mëttelen. De "Badbëschelchen" ass e Projet am Déngscht vun de Kanner, de Jugendlechen an den Elteren, net ze vergiesse vun de Bomien a Bopen, bref en Projet fir all d‘Generatiounen. An engem nächste Schrëtt gëtt hei och en "lieu de rencontre" mat enger Spillplaz an aneren Equipementer geschaaft fir d’Leit aus der Gemeng an der Ëmgéigend.

Mir gesinn also, eis Gemeng huet 2014 scho vill an eise Patrimoine investéiert a vill Projeten op en Enn bruecht. Mir hate jo d’läscht Joer scho bemierkt, dass munch Aarbechte géingen op e puer Exercicer gestreckt ginn, a genee dëst si mer am Gaang ze maachen. Alles wat mer maachen, soll d‘Liewesqualitéit vun all eisen Awunner, awer och vun eisen Touristen a Kuristen an eiser Gemeng weiderhi verbesseren dëst awer besonnesch, esou wie mer virdru bei den Exposéë vum Här Buergermeeschter an den Häre Schäffen héieren a gesinn hunn, am Aklang mat enger stabiller, an equilibréierter finanzieller Situatioun.

Fir ofzeschléisse wëll ech eise Gemengebeamte mat un der Spëtzt dem Claude Mathieu, dem Claudine Guill an dem Oli Bohler en grousse Merci soe fir hier Aarbecht bei der Opstellung vun dësem Budget.

Ech wënschen eis alleguerte schéi Feierdeeg, eng gutt Gesondheet an ech hoffen, dass mir eis all hei ronderëm den Dësch wäerten erëmgesi fir mat neiem Elan zesummen ze schaffen an dat am Déngscht vun all eise Matbierger an eiser schéiner Gemeng.